Zurück zu allen Events

1. Mee

  • 25 CR120 Beringen, Mersch, 7593 Luxemburg (Karte)

De Comité vun der Amicale 5 x  Beringen International invitéiert Iech ganz häerzlech, fir den 1. Mee de Meekranz ze maachen.

Rendez-vous ass um 11 Auer bei eisem Pavillon an der rue Wenzel zu Biereng. Géint Mëtteg gëtt wéi gewinnt de Grill ugefaang, fir Gedrënks ass och gesuergt.

Frësch geschniddent, gréngt Laf ass – souwäit d’Wieder matspillt – selbstverständlech och prett fir de Meekranz ze maachen, dee mer direkt beim Pavillon ophänken.

Mir hoffen Iech alleguer begréissen ze kënnen a wënschen Iech e puer gesellëg Stonne bei hoffentlech sonnëgem Wieder a gudder Laun !

Zurück
Zurück
31. Januar

Generalversammlung 2025

Weiter
Weiter
10. Mai

Toptreffen mat Danzmusek