1. Mee
Mai
1

1. Mee

De Comité vun der Amicale 5 x  Beringen International invitéiert Iech ganz häerzlech, fir den 1. Mee de Meekranz ze maachen.

Rendez-vous ass um 11 Auer bei eisem Pavillon an der rue Wenzel zu Biereng. Géint Mëtteg gëtt wéi gewinnt de Grill ugefaang, fir Gedrënks ass och gesuergt.

Frësch geschniddent, gréngt Laf ass – souwäit d’Wieder matspillt – selbstverständlech och prett fir de Meekranz ze maachen, dee mer direkt beim Pavillon ophänken.

Mir hoffen Iech alleguer begréissen ze kënnen a wënschen Iech e puer gesellëg Stonne bei hoffentlech sonnëgem Wieder a gudder Laun !

Veranstaltung ansehen →
Mai
10
bis 11. Mai

Toptreffen mat Danzmusek

Aam Kader vum Toptreffen, dëst Joer zu Lëtzebuerg en vue vun de grousse Spiller den 18.-21. Juli, invitéiere mir iech Samsdes Owes den 10. Mee vun 21:00 un an d’Irbicht. hei kënnt dir ee Patt drénke kommen an mat eisen auslännesche Gäscht den Owend bei Danzmusek genéissen.

Veranstaltung ansehen →
Mai
18

Duerffest

D’Amiclae 5x Beringen International lued op déi zweeten Editioun vum Duerffest an der Hal Irbicht an. Och dëst Joer stinn erëm Spiller fir Grouss a Kléng zur Verfügung, dir kënnt eppes iwwrt 5xBiereng gewuer ginn a eppes iessen an drénke kommen. Mir freeën eis op Iech!

Flyer français

Veranstaltung ansehen →
Dez.
19
bis 23. Dez.

Gereechert Frellen

Och dëst Joer maache mir fir Krëschtdaag erëm eis traditinell gereechert Frellen. Wann dir och gären eng oder méi heivunn hätt, kënnt dir iech bei engem vun eise Membere mellen oder dir schreiwt eng Mail un info@5xberingen.lu.

Veranstaltung ansehen →